
Den TOL - Théâtre Ouvert du Luxembourg - huet säi Sall op der Diddenuewenerstrooss a wëll vum Januar un och de Publikum nees do ëmfänken.
Déi éischt Produktioune lafen awer hors les murs.
D’Creatioun “Objet d’attention” vum engleschen Auteur Martin Crimp ass eng Co-Produktioun mam Théâtre National a gëtt och am TNL op der Longkecher Strooss gespillt. D’Stéck gouf wéinst dem Lockdown an déi nei Saison verluecht. An enger Mise en scène vum Véronique Fauconnet spillen Aude-Laurence Biver, Rosalie Maes, Matila Malliarakis, Catherine Marques a Brice Montagne. D’Stéck huet eng besonnesch Aktualitéit a weist, wéi a wat an der Noperschaft vun engem Appartementshaus geschéie kann oder och net.
D’Virstellunge si vum 25. September bis den 13. Oktober.

“Comme s’il en pleuvait” vum Sébastien Thiéry ass den Tittel vun der Kreatioun, déi vum 28. September un am Kapuzinertheater virgesinn ass. Hei geet et ëm d’Koppel Bruno a Laurence, déi an hirer Wunneng ëmmer erëm Sue fannen. Eng absurde Komedie, déi de Jérôme Varanfrain mam Steeve Brudey, Myriam Gracia, Colette Kieffer an Hervé Sogne inszenéiert huet.
Gespillt gëtt bis den 10. Oktober am Kapuzinertheater an am CELO zu Hesper.

Am November gëtt “Girls and Boys” am Kinneksbond zu Mamer opgefouert. Enn dës Jores wëll den TOL awer och nees a säi Sall invitéieren, do sinn “L’ouvrir” an “Un dîner d’adieu” virgesinn, ugepasst un d’Sécherheetsmesuren, déi da gëllen.

Den Théâtre du Centaure lancéiert seng Saison mat sechs Kreatiounen, dorënner de Shakespeare-Klassiker “Hamlet” op franséisch an enger Mise-en-scène vum Myriam Muller.

D’artistesch Direktesch vum Centaure steet dëst Joer awer och mol nees selwer als Actrice op der Bün am Stéck “Bug” vum Tracy Letts, dat am Dezember am Kapuzinertheater programméiert ass.
Och déi éischt Produktioun vum Theater ass ausserhalb vum traditionelle Sall am Dierfgen. “Truck Stop” leeft am Kader vun der Initiativ “Rentrée solidaire” vum 7. Oktober un am Kinneksbond zu Mamer. An der Geschicht vun der hollännescher Autorin Lot Vekemans geet et ëm eng jonk, hyperaktiv Fra, déi sech an e Camionneur verléift. An den Haaptrolle spillen Isabelle Bonnillo, Sullivan da Silva an Elsa Rauchs. D’Regie mécht d’Daliah Kentges,

Déi weider Produktioune vun der Saison sollen dann nees am Dierfgen gespillt ginn: “Jackie” vum Elfriede Jelinek am November oder och “Terres arides” vum Ian De Toffoli an “Ensemble” vum Fabio Marra.

Op Tournée ass “Terreur” vum Ferdinand von Schirach an der Cité Judiciaire an “Sales gosses” mam Eugénie Anselin gëtt zu Metz an um Theaterfestival vun Avignon gespillt.
De Kasemattentheater huet als éischt Theater-Produktioun e Stéck vun 1974 op der Affiche, dat esou nach ni gespillt ginn ass, obwuel den Auteur Roger Manderscheid et deemools speziell fir de Kasemattentheater geschriwwen hat.
10 Joer nom Doud vum Auteur kënnt et dann elo op d’Bün an enger Mise en scéne vum Serge Tonnar a mat Marie Jung, Nora Koenig, Nickel Bösenberg, Pitt Simon a Konstantin Rommelfangen an den Haaptrollen. E Stéck, wat deemools als ze provokativ empfonnt gouf, schéngt an der momentaner Zäit eng ongewéinlech Aktualitéit ze hunn. “Rote Nelken für Herkul Grün” leeft tëscht dem 9. an dem 24. Oktober am Kasemattentheater.

Lëtzebuerger Fräiheetslidder an eng Rei Liesunge stinn nach um Programm, fir 2021 sinn awer och d’Theaterprojeten “Rosenkranz und Güldenstern auf Greta” (am Carré Hollerich) vum Fanny Sorgo an “Staycation”, eng Comédie vum Ian De Toffoli, programméiert.
De Programm am Kasemattentheater
“Hurra wir leben noch!” (Milva) oder “Theater ist eine Hymne auf das Leben” (Peter Brook), esou schreift den Théâtre National a sengem Avant-propos. Dobäi gëtt de groussen Theatermann Peter Brook zitéiert. D’Produktioun “Why?” (zesumme mam Marie-Hélène Estienne) ass en Hommage op den Theater a steet den 17. & 18. op der Affiche, vläicht a Presenz vum Brook selwer.
“Die Verwandlung” vum Franz Kafka war déi lescht Virstellung virum Lockdown am Mäerz. An der neier Saison gëtt d’Produktioun nach emol opgeholl. Aner Theaterklassiker, déi de Frank Hoffmann inzenéiert, hunn och hiren direkte Lien zur Pandemie: “Zauberberg” vum Thomas Mann (Première 28.10 mat Marc Baum, Ulrich Gebauer, Wolfram Koch, Marco Lorenzini, Jacqueline Macaulay, Maik Solbach) oder “La peste” vum Albert Camus (Première 21.4. mat François Camus a Marie Jung) befaasse sech mat Krankheet an Epidemie.
Eng Rei Produktiounen aus der ofgesoter Saison si verluecht ginn, wéi “Parterre” vum Michel Clees, dem Auteur en résidence 2019/2020. Auteur en résidence ass dëst Joer d’Schrëftstellerin Elise Schmit. Vun hir wäert en Theaterstéck am Januar als Liesung opgefouert ginn a si schafft mam Jean-Guillaume Weis um Danzstéck “Sehnsucht” mat.
“Mir Mënsche sinn tragikomesch, virun allem an der aktueller Situatioun”, schreift d’Direktesch Carole Lorang a stellt dofir symbolesch en Numm an d’Fënster vun hirem Programm: Buster Keaton.
Déi ganz Saison dierft komesch an tragesch Elementer hunn, fir ze laachen a fir nodenklech ze ginn, an dat an all Genre vum Theater bis bei d’Musek an den Danz an all Sprooch a fir all Alter.
Den Optakt mécht “The Roots”, en Owend mat an iwwer Hip-Hop, den 2. Oktober, “Nebensache” fir e jonke Publikum den 3.10 an “Histoire du soldat/Monocle, portrait de S. von Harden” vum Stéphane Ghislain Roussel mam Ensemble Kammerata an dem Luc Schiltz.

Eng Partie eege Produktioune sinn aus der leschter Saison eriwwergeholl ginn a kommen direkt um Ufank: “Voir la fleur à l’envers” vum Renelde Pierlot, “Si mer nach ze retten?” e Cabaret-Programm, “Le Gardien” vum Harold Pinter mam Rufus.
De Programm am Escher TheaterD’Direktesch vum Escher Theater Carole Lorang huet d’Claudia Kollwelter fir en Interview op d’Terrass vun hirem Büro zu Esch invitéiert. Ze lauschteren als Podcast.
D’Direktesch vum Escher Theater huet um Balcon vun hirem Büro iwwert déi nei Saison, Esch2022, Sophrologie an d’Passioun fir d’Kache geschwat.
Déi ongewéinlech Rentrée no der ofgebrachener Saison 2019/2020 huet och d’Programmatioun an de Stater Theatere beaflosst. D’Zäit vum Lockdown gouf virun allem genotzt fir sech kreativ Iddien ze maachen, wéi een de Publikum erëm ka mat intressante Spektakelen an d’Säll vum Groussen Theater an dem Kapuzinertheater ëmfänken.
Entstane sinn dobäi och Initiativen wéi “Connections”, wou Stécker an Optrag gi goufen un Auteuren, Regisseuren a Schauspiller. Stécker, déi kombinéiert an der Stad an am Kinneksbond Mamer gespillt ginn.
Den TalentLAB geet de Weekend (26. & 27. 9) direkt eraus an d’Stad. Dräi verschidde Gruppen hu sech um Saz “Mir wëlle bleiwe wat mir sinn” um Fëschmaart inspiréiert an dozou a veschiddene Quartieren (Kierchbierg, Gare, Pafendall) Temoignage gesammelt fir domadder kuerz Stécker um Parvis vum Theater ze presentéieren.

Well d’Oper nach e bëssi op sech waarde léisst, presentéiert den OPL ënnert de Direktioun vum Gustavo Gimeno en “Evening of opera” mat grousse Stëmmen den 20. November.

Fir den Danz ass d’Rentrée och am November. Gläich hannendru kommen dann d’Kreatioune vun zwou Lëtzebuerger Choreographinne Jill Crovisier an Elisabeth Schilling.
Déi éischt Theaterproduktioun reit sech an d’Ibsen-Serie an. D’Marja-Leena Juncker inzenéiert “Edda Gabler” mat ë.a. dem Direkter Tom Leick fir d’éischt zënter Laangem emol nees als Acteur op der Bün.
De Programm vun de Stater Theateren
Virstellung Programm Escher Theater
Podcast - Mir schwätze Kultur mat der Direktesch vum Escher Theater Carole Lorang
De Programm vum TNL