
Déi 13. Editioun vum Festival, geet vum 2. bis den 12. Mäerz. et ass déi éischt zanter 3 Joer, déi ouni sanitär Aschränkungen ofleeft. D’Ekipp ronderëm de kënschtleresche Leeder Alexis Juncosa huet en diverse Programm zesummegestallt.
D’Inflatioun huet de Spillraum op verschiddenen Niveauen zwar méi kléng gemaach. Esou hunn z.B. d’Ticketpräiser eng Grimmel no uewe missen ugepasst ginn. Allerdéngs ass och de Programm duerch eng Inflatioun gaangen. Déi zwou Kompetitiounen - déi vun der Fiktioun ewéi och déi vum Documentaire - sinn ëm ee Film méi grouss ginn. Néng a siwe Filmer respektiv.
An der Kategorie vun der Fiktioun hunn 3 Filmer Lëtzebuergeschen Input a mat “Maret” vum Laura Schroeder feiert esouguer eng lokal Produktioun um LuxFilmFest seng Weltpremière. Iwwerhaapt. Iwwerhaapt ass den Undeel u Filmer mat engem Lien zu Lëtzebuerg op Rekordhéicht. Aus engem Owend mat lëtzebuergesche Kuerzfilmer sinn der zum Beispill 2 ginn.
De Film “Ingeborg Bachmann - Reise in die Wüste”, dee vun Amour Fou koproduzéiert gouf an op der Berlinale seng Weltpremière wäert hunn, wäert um Owend vun der Präisiwwerreechung gewise ginn. D’international Jury gëtt dëst Joer vum iranesche Realisateur Asghar Farhadi geleet.

