Festival de WiltzDe Programm vun der 68. Editioun gouf virgestallt

Sandy Elsen
Den Optakt vum Festival de Wiltz maachen iwwregens d'Flamenco-, Salsa- a Pop-Museker vun den Gipsy Kings.
© RTL Télé Lëtzebuerg

De 27. Juni start déi 68. Editioun vum Festival de Wiltz.
D’Organisateuren hunn en Donneschdeg de Moien am Gudde Wëllen der Presse de Programm vun dësem Joer virgestallt.

Dräi Woche laang bitt de Festival virun der Kuliss vum Wëlzer Schlass, op en Neits dat Bescht aus Musek, Show a Kultur an dat mat internationalen, wéi och nationale Kënschtler.

D’Elvira Mittheis huet déi kënschtleresch Leedung vum Festival.

Extrait Elvira Mittheis

Den Optakt vum Festival de Wiltz 2020 maachen iwwregens d’Flamenco-, Salsa- a Pop-Museker vun den Gipsy Kings, déi mat Hits wéi “Bamboleo” a “Volare” weltwäit d’Charts gestiermt hunn.

Back to Top
CIM LOGO