Däitsche Stand-Up an der RockhalDe Ralf Schmitz steet no 7 Joer nees zu Lëtzebuerg op der Bün

RTL Lëtzebuerg
"Op der Bün ze stoen, ass fir mech dat Schéinst", dat sot de Ralf Schmitz den Dag viru sengem Optrëtt hei zu Lëtzebuerg am RTL-Interview.
De Komiker Ralf Schmitz an der Rockhal
De Komiker, dee virun allem aus Sketcher op der däitscher Tëlee bekannt ass, interesséiert sech nawell vill fir déi Lëtzebuerger Sprooch.

Mat Hëllef vum Public, huet den däitsche Komedien probéiert e puer Wierder Lëtzebuergesch ze léieren, ma schonn am Annoncement, zu Lëtzebuerg opzetrieden, huet hie säi sproochlecht Talent bewisen. Natierlech hätt hie geüübt an et wier och vill donieft gaangen, esou vill, dass souguer d’Iddi vun engem Making-of opkomm wier.

Am Interview mam Loïc Juchem huet de Ralf Schmitz verroden, dass et virun allem de Kontakt mat Mënschen ass, deen him u sengem Job gefält. Op enger Live-Bün ze stoen, wier nieft senge villen aneren Aufgaben, dat, wat him am meeschte Spaass mécht.

Back to Top
CIM LOGO