An den USADe Rapper Slim 400 gouf erschoss

RTL Lëtzebuerg
De Rapper Slim 400, dee mat biergerlechem Numm u sech Vincent Cohran geheescht huet, gouf e Mëttwochowend an der Géigend vu Los Angeles erschoss.

E Spriecher vun der Police huet no der Dot matgedeelt, dee 34 Joer ale Museker wier op enger Strooss an der Stad Inglewood ënnerwee gewiescht, wéi eng oder méi Persounen op hie geschoss hunn. Vun dem Virfall ass ee Video am Internet kurséiert. D’Police huet eng Enquête lancéiert.

Scho virun zwee Joer war de Rapper, deen an Däitschland als Jong vun enger Militärfamill op d’Welt koum, bei enger Schéisserei schwéier blesséiert ginn. zu senge bekanntste Lidder zielen “Piru” an “Goapele”.

Back to Top
CIM LOGO