"Dallas Buyers Club" a "Big Little Lies"De Regisseur Jean-Marc Vallée am Alter vun 58 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Iwwer d'Doudesursaach ass den Ament nach näischt bekannt.
© afp

De kanadesche Regisseur, zu deem senger Filmographie ënnert anerem de Film “Dallas Buyers Club” an d’Tëleesproduktioun “Big Little Lies” gehéieren, ass onerwaart am Alter vun 58 Joer verscheet. De Papp vun zwee Kanner gouf dout a sengem Juegdhaischen ausserhalb vu Québec City fonnt.

2013 krut de Jean-Marc Vallée eng Oscarnominatioun fir säi Film “Dallas Buyers Club” mam Jared Leto a Matthew McConaughey. Déi zwee Schauspiller kruten en Oscar fir hir Performance, beim Regisseur blouf et bei der Nominatioun.

Back to Top
CIM LOGO