Luxembourg City Film FestivalDe rouden Teppech ass ausgerullt

Andy Brücker
Um Donneschdeg den Owend war déi feierlech Ouverture. Iwwer 120 Filmer kann een iwwert déi nächst 10 Deeg um Festival kucke goen.

Et ass schonn déi 14. Editioun vum Luxembourg City Film Festival, wouduerch dësen dann och international ëmmer méi u Renommée gewënnt. An enger amerikanescher Zäitschrëft gouf de Festival souguer als ee vun de 25 “coolste” Filmfestival uechter d’Welt betitelt.

Um Festival ginn e sëllege Genrë gewisen. Dat geet vu Fiktioun iwwer Documentaire, Horror, Komedie, bis Animatioun, esou dass all méiglech Zorte vu Publikum ugeschwat ginn.

Als éischte Film um Programm vun dësem Festival stoung “The Outrun” vun der däitscher Realisatrice Nora Fingscheidt.

Nieft de Filmer déi gewise ginn, ginn et och dëst Joer nees Workshoppen, an och fir d’Kanner gëtt et ee spezifesche Programm. Iwwer 6.000 Schüler hu sech schonn ageschriwwen, wouropper ee ganz houfreg ass bei der Organisatioun.

Optakt vum Luxembourg City Film Festival
Den Alexis Juncosa, Direkter vum Festival, am RTL-Interview.

Zwee grouss Kino-Staren hu sech dann och ugekënnegt. Aus dem Beräich vum Documentaire ass dëst de Realisateur Wang Bing an um Niveau vun de Schauspiller ass et keen anere wéi de Viggo Mortensen, ënnert anerem bekannt aus Lord of the Rings, wou en d’Roll vum Aragon gespillt huet. Hie presentéiert hei säin neiste Film " The Dead Don’t Hurt”, an deem ënnert anerem och d’Lëtzebuergerin Vicky Krieps matspillt. De Film wäert den 1. Mee 2024 an d’Lëtzebuerger Kinoe kommen.

D’Vicky Krieps sëtzt dëst Joer jo och an der internationaler Jury vum LuxFilmFestival 2024, dat niewent dem franséische Schauspiller Arnaud Valois, dem US-amerikanesche Regisseur Ira Sachs, der franséischer Produzentin Marianne Slot, der franséischer Cineastin Nathalie Hertzberg an dem däitsche Schauspiller Sebastian Koch.

Mat an der Programmatioun vum Luxembourg City Film Festival ass dem Lukas Grevis säin “D’Land am Schiet”. Hie war bei der Ouverture um Mikro vun de Kolleegen aus der Kultur-Redaktioun.

De Realisateur Lukas Grevis erzielt vu sengem Film "D'Land am Schiet"
Hie war um Mikro vum Julien Marcy bei der Ouverture vum 14. Luxembourg City Film Festival.

All d’Informatiounen iwwert de Festival op www.luxfilmfest.lu

Back to Top
CIM LOGO