Hie war de Wonsch-Acteur vun de Auteuren, fir de Schrobiltgen am "Superjhemp retörns" ze spillen. De Luc Feit mécht dorausser dann och déi richteg Figur. Donieft ass hien awer och weider op Theaterbühnen a virun der Kamera an diverse Produktiounen ze gesinn. Dofir pendelt hien och ëmmer tëscht Lëtzebuerg a Berlin. Dës Woch erzielt en dem Jenny Fischbach vu sengen aktuelle Projeten.
Donieft geet och rieds vun zwou Expoen: d'Christiane Kremer schwätzt iwwer d'Wierker vum verstuerwene Superjhemp-Zeechner Roger Leiner bei Valerius Art Gallery an de Gibbes Bertolo war sech dem André Depienne seng "Rock History"-Biller an d'Galerie Am Tunnel ukucken.De labbere Kulturtalk "No Art On Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.