RIPDe Schauspiller Max von Sydow ass dout

RTL Lëtzebuerg
Am Alter vun 90 Joer ass de schwedesche Schauspiller gestuerwen. Dat huet seng Fra Catherine von Sydow dem Magasinn "Paris Match" matgedeelt.
© AFP

Hie war ënner anerem duerch Filmer vum Ingmar Bergman international bekannt ginn. Am Film “Exorzist” huet hien d’Roll vum Paschtouer gespillt.

Ze gesi war en ënner anerem am “Minority Report”, am James Bond “Sag niemals nie”, am “Conan der Barbar”, bei “Star Wars” oder nach an der Serie “Game of Thrones”.

Back to Top
CIM LOGO