VIDEO - Jean BackDe Schrëftsteller a Fotograf vun Diddeleng am Portrait

RTL Lëtzebuerg
Als Schrëftsteller huet de Jean Back 2003 säi Roman "Wollékestol" erausbruecht. 2010 ass d’Buch "Amateur" mam European Prize for Literature geéiert ginn.
Portrait Jean Back
Als Schrëftsteller huet de Jean Back 2003 säi Roman « Wollékestol » erausbruecht. 2010 ass d’ Buch « Amateur » mam European Prize for Literature geéiert ginn.

Bicher gehéieren zum Diddelenger sengem Alldag, inspiréiert ass hie souwuel vun zäitgenëssesch Texter, wéi vu literaresche Klassiker. Do ass dem James Joyce säin "Ulysses" ganz uewen op der Lëscht.

Nach éier hien als Schrëftsteller publizéiert huet, hat de Jean Back sech als Fotograf etabléiert. Och haut inspiréiert sech den Diddelenger zemools u senger Heemechtsstad an un der Natur ronderëm. De Fotosprojet, un deem hie grad schafft, thematiséiert Espace wéi d’Diddelenger Haart.

Als Matbegrënner an Direkter vum CNA huet hien net nëmmen d’Kulturlandschaft zu Diddeleng markéiert, mä och laangfristeg kulturell Projeten zu Lëtzebuerg an d’Weeër geleet. D’Organisatioun an Engagement fir dem Edward Steichen seng "Family of Man" zu Klierf an d’Ausstellung "The Bitter Years" am Diddelenger Waassertuerm ze weisen, gehéieren zum Jean Back senge Verdéngschter.

Wärend de Prix culturel de l’espoir vun der Stad Diddeleng e Méindeg den Owend un d’Band Tuys goung, ass de Jean Back vir seng kulturell Verdéngschter geéiert ginn. Betount gëtt domat dat, wat seng Aarbecht ausmécht, d'Verbonnenheet mat senger Heemechtsstad.

RTL NEWS: Jean Back a Gast Groeber zu Wien ausgezeechent

Back to Top
CIM LOGO