REPLAY: Dës Woch an der ArtboxDe Schrëftsteller Jhemp Hoscheit

RTL Lëtzebuerg
"Märd alors" heescht säin neie Cabaretsprogramm an "Wootleche Krich" säin neie Roman.
VIDEO: ArtBox mam Jhemp Hoscheit
"Märd alors" heescht säin neie Cabaretsprogramm an "Wootleche Krich" säin neie Roman.

De Jhemp Hoscheit lieft fir d'Schreiwen an dat scho laang. De fréiere Franséisch-Proff bréngt Kabaräsprogrammer, Romaner a Kannerbicher eraus. Ee vu senge Romaner "Perl oder Pica" ass scho verfilmt ginn.

Den Ament ass e mam Museker Julien Arpetti mat dem satiresche Joresréckbléck "Märd alors" uechtert d'Land ënnerwee a liest fir d'Kanner aus dem Buch "De Schmunzel".

Viru kuerzem koum och de Roman "Wootleche Krich" eraus.

Wat leeft!?
- Expo Martin Paaskesen
- Vicky Krieps kritt den däitsche Fernsehpräis
- D'Headliner vum Festival "Siren's call" si bekannt

VIDEO: Wat leeft?!
Expo, Theater, Konzerten, Events: den Agenda vun der Télé

D'Artbox ëmmer samschdes um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d'Emissioun duerno och am Replay ze fannen ass.

Back to Top
CIM LOGO