No ART on AIR am REPLAYDe Schrëftsteller Nico Helminger
RTL Lëtzebuerg
Méi RTL, dat heescht och "Méi Kultur" mat "No ART on AIR by RTL" - engem neien, labberen Talk iwwer kulturell Themen. Ëmmer donneschdes no 8.
Update: 21.06.2018 20:15
De Schrëftsteller Nico Helminger
Méi RTL, dat heescht och "Méi Kultur" mat "No ART on AIR by RTL" - engem neien, labberen Talk iwwer kulturell Themen. Ëmmer donneschdes no 8.
E Sonndeg gëtt den Nico Helminger scho fir d'zweete Kéier mam Servais-Präis ausgezeechent. 2014 krut en de Lëtzebuerger Literaturpräis fir de Poesie-Band "Abrasch", dës Kéier ass e fir de Roman "Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge". Iwwer d'Buch, de Präis an allgemeng iwwer d'Literatur zu Lëtzebuerg schwätzt hie beim Jenny Fischbach. En internationale Literaturpräis - de Goncourt de la poésie - gouf et fir d'Auteurin Anise Koltz, déi vru kuerzem 90 Joer al ginn ass, d'Christiane Kremer mécht e Portrait an d'Claudia Kollwelter war sech d'Expo vun der Performance-Kënschtlerin Marina Abramovic op Bonn ukucken.
De labbere Kulturtalk "No Art On Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.