
De Steven Pitman huet 2015 d´Europameeschterschaft als beschten Elvis Interpret gewonnen. Zenter 20 Joer ass hien elo schonn europawäit ënnerwee an suergt fir vill Elvis Entertainment.
De Steven Pitman hellt iech den Owend um 20:00 Auer mat op eng musikalesch Zäitrees. Weltbekannte Lidder ma och Raritéiten wäert de Steven Pitman vum King of Rock´n Roll spillen.
Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit “Live aus der Stuff”.