Serie Chantieren a Kulturhaiser (1/4)D’Stater Cinemathéik kritt en neien a moderne Kinossall

Claudia Kollwelter
Frënn vum Kino, ma och Leit déi dacks an der Stad a virop op der Theaterplaz ënnerwee sinn ass net entgaangen, datt an der Stater Cinemathéik zanter puer Méint geschafft gëtt.
© RTL

D’Preparatioune fir déi grouss Ëmbauaarbechte lafen. Am Kader vun enger Serie iwwert d’Chantieren a Kulturhaiser déi aktuell lafen, respektiv geplangt sinn, huet d’Claudia Kollwelter sech e Bild gemaach, wéi déi ënnerschiddlech Kulturinstitutiounen an Zukunft sollen ausgesinn a genotzt ginn. Ugefaange mat der Stater Cinemathéik.

Serie Chantieren a Kulturhaiser - Deel 1: D’Stater Cinemathéik

D’Gebai op der Theaterplaz mat senger spezieller Entrée, der stengener Trap, dem Sall mat senger ganz besonnescher an eenzegaarteger Ambiance ma och eleng den Toiletten ënnen am Keller ass historesch. An d’Séil vun der Stater Cinemathéik soll och erhale bleiwen. Trotzdeem sinn Aarbechten néideg, dorënner eng Upassung un déi neiste Standarden an enger Accessibilitéit fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.

Den historesche Sall soll a sengem Esprit erhale bleiwen, mee et muss eng Optimiséierung a Punkto Projektioun, Akustik an Toun gemaach ginn. De Wénkel vun der Projektioun zum Beispill muss geännert ginn, fir kënnen um neiste Stand vun der Technik ze sinn. Well de Balcon souwisou a Punkto Fluchtweeër net konform ass gouf decidéiert, datt en net méi fir de Public genotzt gëtt, mee d’Projektiounskabinn dohinner kënnt. Trotzdeem bleift de Balcon architektonesch esou bestoen, wéi een e bis ewell kannt huet. Ma och d’Gradine wäerten eng Steigerung kréien, wouduerch een e bessere Bléck op den Ecran wäert hunn, dat gekoppelt mat méi breeden a komfortabele Sëtzer. Déi Changementer féieren dozou datt net méi 187, mee just nach 78 Plazen am historesche Sall wäerte sinn.

An Zukunft net méi just historesche Sall, mee och neie méi moderne Kinossall

Bei der Planung koum dunn d’Iddi vun engem zweete Sall mat 180 Sëtzplazen an engem méi modernen Design. D’Technik wäert do och op den allerneiste Stand bruecht ginn, mat “Dolby Atmos”, fir dem Public méi ze bidden wéi bis ewell an och en Ënnerscheed tëscht dem neien an dem historesche Sall ze hunn. Deen Ënnerscheed wäert sech och an Zukunft an der Programmatioun erëm spigelen. Eleng duerch déi ënnerschiddlech Capacitéiten, mee dann eben och d’Technik, ginn déi eng Filmer éischter an dem alen, déi aner an dem neie Sall gewisen.

Net just nei Funktionalitéiten och eng urbanistesch Plus-value

Souwuel déi fréier Crèche nieft der Entrée vun der Cinemathéik, wéi och den Terrain hannenaus gi fir de neie Projet genotzt. Nieft der aktueller Entrée wäert eng zweet kommen, wou an Zukunft eng Brasserie dra kënnt, déi dann och baussent den Ouvertureszäite vun dem Kino ka genotzt ginn a wouduerch méi Convivialitéit och um Site kann entstoen. Duerch d’Brasserie, mee och duerch d’Cinemathéik kann een dann och an Zukunft an de Bannenhaff kommen. De Bannenhaff vum Klouschter gëtt deemno fir de Publik opgemaach, dee vun der Theaterplaz, mee och vun der Rue Willy Goergen aus accessibel ass a wou e groussen Espace public geschaf gëtt.

Wou kann de Public wärend den Aarbechte weider Filmer vun der Cinemathéik gesinn?

D’Renovatiounsaarbechten an d’Extensioun solle viraussiichtlech bis 2029 daueren. D’Cinemathéik bitt iwwert déi Zäit awer weider eng Programmatioun am Kapuzinertheater an am Cercle Cité u bis de Projet dann ofgeschloss ass. Wat den Open-Air Kino betrëfft, dee gëtt an Zukunft och weider um Knuedler organiséiert, mee donieft vum nächste Joer un och an zwee méi klenge Quartieren.

All nëtzlech Informatioune fënnt een iwwregens um ganz neie Site vun der Cinemathéik.

Back to Top
CIM LOGO