70 WierkerDéi 11. Biennale d'Art Contemporain zu Stroossen

Sandy Elsen
All 2 Joer steet an der Gemeng Stroossen vu Mee un alles am Zeeche vun zäitgenëssescher Konscht.
11. Biennale d'Art Contemporain zu Stroossen
All 2 Joer steet an der Gemeng Stroossen vu Mee un alles am Zeeche vun zäitgenëssescher Konscht.

Virun 21 Joer huet d’Gemeng Stroossen sech et zur Aufgab gemaach, fir d’Kultur a virop d’Konscht sou gutt et geet ze fërderen a se méiglechst ville Leit zougänglech ze maachen. Genee aus dëser Motivatioun eraus ass och d’Biennale d’Art Contemporain entstanen, un där zanter 2001 souwuel schonn etabléiert, wéi och opstriewend Kënschtler aus Lëtzebuerg an der Groussregioun deelhuelen.

Fir déi 11. Editioun huet e Jury ganzer 70 verschidde Wierker selektionéiert, déi een den Ament am Centre Culturel Paul Barblé entdecke kann.Molereien, Zeechnungen, Fotografien a Skulpturen vu ganzer 36 Kënschtler bréngen hei d’Aspekter vum zäitgenëssesche Konschtschafen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun zum Ausdrock. Et si gréisstendeels realistesch a figurativ gepräägte Wierker, déi aus enger Mass vu ronn 750 eragereechte Kreatiounen erausgestach haten. Des Biennale fërdert d‘Renconter an den Dialog tëscht de Kënschtler an dem Public, ma de But ass et natierlech och, fir de Kënschtler nach méi Visibilitéit ginn.

E weidert wichtegt Uleies vun den Organisateuren ass et, fir d‘ Kënschtler an hirem Schafen an an hirem Developpement ze ënnerstëtzen. Sou gehéieren zu der Biennale d‘Art Contemporain och dräi Konschtpräisser.

De “Premier Prix” goung un deen däitsche Fotograf Thomas Brenner.

Iwwert de “Prix d‘Encouragement” konnt sech dëst Joer dee jonke Stroossener Kënschtler Jeff Dieschbourg freeën. A senger Konscht verbënnt hien déi klassesch Molerei mat zäitgenëssesche Gedankegäng.

Déi polnesch Kënschtlerin an Architektin Zuza Jakubiak, déi zënter e puer Méint hei zu Lëtzebuerg lieft a schafft, gouf mam “Prix Spécial du Jury"ausgezeechent. Si konnt de Jury mat hiren immens detailléierten, realisteschen Bläistëftzeechnungen vun engem Palmenhaus iwwerzeegen.

Déi Stroossener Biennale leeft nach bis den 8. Juni. De Centre Culturel Paul Barblé huet seng Dieren all Dag vun 14 bis 20 Auer op. Weider Informatioune fënnt een op www.biennale.lu

Back to Top
CIM LOGO