
"Intégrale des Trios pour Piano et Cordes" vum Johannes Brahms, sou heescht e Klassik-Album mat Opnahmen aus de Joren 2005-2006, deen elo bei Continuo Classics erauskomm ass. Et spillen den ukrainesche Geiist Graf Mourja, de russesche Pianist Peter Laul an déi onvergiesse Lëtzebuerger Cellistin Françoise Groben.
Et ass also eng léif Erënnerung un eng vun eise beschte klassesche Musikerinnen: d'Cellistin Françoise Groben. Si ass 2011 am Alter vun nëmme 45 Joer gestuerwen an hat bis deemools eng beandrockend Karriär gemaach zu Lëtzebuerg awer och am Ausland.
Den Cello, op deem se spillt, gouf 1695 vum Matteo Groffiller gebaut, deen als Geiebauer zu Venedeg gelieft a geschafft huet. Dëst Instrument hat si 1991 vun enger Bank zur Verfügung gestallt kritt. 2012 ass den Cello dem OPL iwwerreecht ginn a krut den Numm "Le Luxembourgeois".
Zënter 2003 huet d'Françoise Groben mat zwee anere Museker geschafft: den ukrainesche Geiist Graf Mourja an de russesche Pianist Peter Laul. Déi dräi Museker hu sech gutt verstanen a si vill zesummen opgetrueden.
2005-2006 ware se am Studio fir d'Opname vun de 4 Piano-Trioen vum däitsche Komponist Johannes Brahms. Duerch den Doud vun der Musikerin 2011, ware se bis elo nach net verëffentlecht ginn.
Déi international Kritik lueft de "lyrisme et leur fougue", schwätzt vun "Trio Bravo" a schwäermt vun enger Aart Symbiose vun de Museker, déi vill Passioun an Energie an hirem Spill ausdrécken.
"Intégrale des Trios pour Piano et Cordes" vum Johannes Brahms, dat sinn alles an allem 110 Minutten klassesch Musek vu gréisster Qualitéit. An en Hommage un eng onvergiesse Musikerin: d'Françoise Groben, déi esou duerch hiert Können weiderlieft.