1880 ass de Jean Schortgen zu Téiteng op d’Welt komm an mat nëmmen 38 Joer an enger Minn gestuerwen. Den Auteur Charel Meder an den Illustrateur Marc Angel hunn elo am Optrag vun der Gemeng Keel-Téiteng am Kader vun Esch 2022 eng BD iwwert den historesche Personnage gemaach.
De Charel Meder ass Auteur an Enseignant. Zesumme mam Marc Angel, Illustrateur a Grafiker, huet hie wichteg Episoden aus dem Aarbechter-Deputéierte Jean Schortgen sengem Liewen duerch Text an Zeechnung duergestallt. E wichtege Personnage aus der Lëtzebuerger Geschicht, deen zu senge Liefzäiten sou munches bewierkt huet.
Den 8-Stonnen-Dag, genee esou wéi de Vott universell - alles dat geet op de Schortgen zeréck. An dësem Grafik-Novel soll awer och een haitegen Aspekt mat era fléissen, quasi e Bléck op d’Vergaangenheet, deen de Marc Angel mat sengem Stil versicht anzefänken.
“Jean Schortgen, vum Eisefrësser an d’Chamber”, ass keng banal Biografie, ma éischter een Abléck an eng düster Zäit, déi een nodenklech stëmmt, an déi engem en historesche Personnage méi no bréngt.
E Samschdeg den Owend sinn de Charel Meder an de Marc Angel och Invité am “No Art On Air”.
