Nach bis den 12. MäerzDem Kafka seng Verwandlung am TNL

RTL Lëtzebuerg
Et ass wuel de bekanntsten Albdram aus der Literatur: de Gregor Samsa erwächt a mierkt, datt e sech iwwer Nuecht an e risege Kiewerlek verwandelt huet.
Dem Kafka seng Verwandlung am TNL
Et ass wuel de bekanntsten Albdram aus der Literatur: de Gregor Samsa erwächt a bemierkt, datt e sech iwwer Nuecht an e risege Kiewerlek verwandelt huet.

Seng Famill behandelt hien ëmmer manner als Mënsch, Jong oder Brudder an no an no gëtt en als Ongeziefer ausgestouss a stierwe gelooss. D’Ausso vun der “Verwandlung” geet awer iwwer déi reng Geschicht eraus.

De Regisseur Frank Hoffmann weist dem Franz Kafka seng dramatesch Erzielung als Theaterstéck mat däitschen a Lëtzebuerger Schauspiller. D’Geschicht ass e Klassiker, deen 1912 publizéiert gouf awer duerch säi kritesche Bléck op de Mënsch a säin Entourage net al ginn ass, esou de Metteur en Scène.

D’Verwandlung leeft nach bis den 12. Mäerz am TNL.

Back to Top
CIM LOGO