Et ass e Musical, dee mëttlerweil schonn zanter iwwer 50 Joer gespillt gëtt. Rock’n’Roll steet hei um Programm mat senge legendäre Figure wéi dem Dr. Frank’N’Furter a berüümte Lidder wéi Sweet Transvestite.
“An den éischten 20 Minutte gesäit een de Frank’N’Furter net an de Public waart gespaant op hien. An da wann d’Dier opgeet an e rauskënnt a säi Cape erof schmäisst an ee säi Corset a seng Tallekeschong gesäit: Dat ass ëmmer de Moment, wou d’Zuschauer ausflippen. Ech fille mech da wéi e Popstar!”, sou de Stephan Webb iwwert seng Roll als Frank’N’Furter.
Eng Ekipp vu 26 Leit loossen de Science-Fiction-Horror Genre aus den 1970 Joren op der Bün rëm opliewen. D’Jackie Clune ass d’Erzielerin vum Stéck a fir si ass et hiren éischten Optrëtt am Ausland:
“Ech als Erzielerin schwätzen am Géigesaz zu den anere Schauspiller, mat den Zuschauer. Et ass einfach witzeg, well de Public jäizt mir och Saachen zréck. An da muss ech reagéieren. Fir mech ass et allkéiers rëm flott, well ech muss improviséieren, witzeg sinn, ma awer och de Public guidéieren.”
Am Musical ginn Themen opgegraff, déi iwwer d’Joren aktuell bliwwe sinn. Et geet ëm Fräiheet, gesellschaftlech Normen a Sexualitéit.
“De Richard O’Brien huet hei eng Show kreéiert, déi zäitlos ass. Grad an den haitegen Zäiten, wou mer d’Leit motivéiere sollen, deen oder dat ze sinn, wat se wëllen. An dësen zwou Stonne vun der Show ass de Public Deel vun der Rocky Horror Famill, déi genau dat verkierpert. An dobäi kënnt natierlech déi fantastesch Musek. T’ass eng Rock’n’Roll-Show”, seet de Stephan Webb.
Nach bis den 3. Januar kann een “The Rocky Horror Show” an de Groussen Theater kucke goen.