Mam Jamie Foxx an der HaaptrollDem Skandalboxer Mike Tyson säi Liewe gëtt verfilmt

RTL Lëtzebuerg
2014 gouf d'Produktioun ugekënnegt, elo kënnt se endlech un d'Rullen: d'Verfilmung vum Mike Tyson sengem Liewen a senger Karriär.

Am Film ginn déi “verschidde Liewe” vum Boxer gewisen, deen a vill Skandaler verwéckelt war. Den Jamie Foxx an der Haaptroll wéilt weisen, wéi ee Mënsch sech mat der Zäit weiderentwéckelt.

© AFP Archiv

An engem Instragram-Live mam Mark Birnbaum huet den Jamie Foxx seng nei Roll confirméiert. Den 52 Joer ale Schauspiller stoung schonn 2005 als de Museker Ray Charles an engem Biopic virun der Kamera. Dofir krut hien och een Oscar.

De Schauspiller hätt een strengen Trainingsprogramm, fir de Boxer verkierperen ze kënnen. E misst immens vill Sport maachen a vläicht misste souguer herno Protheesen an den Asaz kommen, fir datt d’Wuede méi muskuléis ausgesinn.

Back to Top
CIM LOGO