
De Präis soll der 75 Joer aler Däitsch-Tierkin offiziell de 5. November zu Darmstadt iwwerreecht ginn. Domadder ass si eng vun deene wéinegen Net-Mammesproochlerinnen, déi de Concours bis ewell gewanne konnten. An hire Bicher géif si en intellektuelle souwéi e poeteschen Dialog tëscht Sproochen, Kulturen a Weltusiichte kreéieren, un deem d’Lieser an d’Lieserinnen op der ganzer Welt vill Freed hätten, esou heescht et vun der Akademie.