
Nom Heath Ledger (The Dark Night) an dem Jared Leto (Suicide Squad) ass et dann elo um Oscargewënner Joaquin Phoenix (Her) an d'Roll vum psychopathesche Bandit ze klammen.
Am Trailer gesäit een, dass dat ganzt eng éischter onkonventionell Story huet. Et geet ëm de Stand-Up Comedian Arthur Fleck, deen alles anescht wéi Erfolleg huet. Hie gëtt zum Joker, nodeems hien es genuch huet, ëmmer erëm vun de Spectateuren ausgelaacht ze ginn.
De Film spillt an den 80er Joren. De Batman stécht zu deem Moment nach an de Kannerschong. Dat heescht, dass dësen éischter eng Randfigur bleift. Nach mat dobäi sinn de Robert De Niro an d'Frances Conroy. Fir de Film gëtt et net wierklech eng konkret Virlag. Et goufen awer Elementer aus dem Kult-Comic "The Killing Joke" iwwerholl.
De Restricted-Rating confirméiert dann, wat den Todd Phillips schonn ugekënnegt hat. Am Film ginn et Zeenen, déi vu Gewalt nëmmen esou besiess sinn.
Bei eis wäert een deemno eréischt vu 16 Joer un de Film kucken dierfen.