Batteur vu YesDen Alan White ass am Alter vun 72 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Wéi et heescht, ass den Drummer vun der Band Yes no kuerzer Krankheet bei sech doheem zu Seattle an den USA gestuerwen, esou d'Band an d'Famill op Twitter.
© afp

D’Tour déi elo a Groussbritannien am Juni starte soll, géif der Band no elo komplett am Zeeche vun hirem verstuerwene Batteur stoen. Den Alan White huet niewent Yes och mat Leit wéi dem John Lennon, George Harrison an dem Eric Clapton zesummegeschafft.

© afp

De White ass de 14. Juni 1949 zu Pelton an England op d’Welt komm, 1972 huet hien bei Yes ugefaangen, déi och an d’Rock&Roll Hall of Fame opgeholl goufen.

Back to Top
CIM LOGO