VIDEO: Esch 2022Den Appel à Projets ass lancéiert ginn

RTL Lëtzebuerg
E Donneschdeg ass e weidere wichtege Schrëtt fir Kulturhaaptstad 2022 gemach ginn, vun haut un kënnen d‘Artisten sech melle fir hir Projete virzestellen.
VIDEO: Esch 2022
E Donneschdeg ass e weidere wichtege Schrëtt fir Kulturhaaptstad 2022 gemach ginn, vun haut un kënnen d‘Artisten sech melle fir hir Projete virzestellen.

En Donneschdeg de Moien ass e weidere wichtege Schrëtt fir d'Kulturhaaptstad 2022 gemaach ginn. Den Appel à projets ass lancéiert ginn, vun en Donneschdeg un kënnen d‘Artisten sech mellen, fir hir Projete virzestellen.

Esch 2022 - Reportage Christiane Kremer

Vill Leit aus der Kulturzeen hunn en Donneschdeg de Moien de Wee op Esch fonnt, fir ze wëssen, wei et elo weider geet. Diere fir d’Projete sinn also elo op. Ënnert dem Thema "Remix" soll sech Esch 2022 presentéieren. Beim Konzept vum Remix soll eppes wat scho besteet nei interpretéiert a gestalt ginn.  A wichteg ass, datt déi artistesch Projeten en Impakt sollen hunn an datt se gesellschaftlech, kënschtleresch an ökologesch Froen opgräifen, déi op kuerz oder laang Dauer bestoe kënnen.

E wichtege Schrëtt ass vun dohier elo gemaach, ma eng aner grouss Fro steet awer nach op fir 2022: Wou soll den Haaptsëtz hikommen? Geschwat ginn ass hei vun der Gebléishal, déi och scho fir d’Kulturjoer 2007, hir Mauere fir d‘Kreativitéit hierginn huet. D’Asbl vun Esch 2022 huet eng Demande eraginn, fir dat Gebai kënnen ze notzen, als Kreatiounsplaz an als Haaptsëtz.

© Ministère de la Culture

D’Kulturministesch Sam Tanson huet erkläert, datt fir d’éischt elo mol nach muss no der Sécherheet vum Gebai gekuckt ginn. D’Gebléishal steet scho laang eidel an do muss eng Sécherheet garantéiert ginn vun der Infrastruktur. Eng weider Fro steet hei nach am Raum. Wat geschitt no Esch 2022 mat der Hal? Hei ginn den Ament Iddien ausgeschafft, fir eng Léisung op laang Dauer ze fannen, sou datt dat Gebai och no Esch 2022 nach genotzt ka ginn.

Wärend der Zäit vun Esch 2022 soll all Mount eng Gemeng aus dem Süden an Evidenz gesat ginn. D’Aarbecht, déi hei muss gemaach ginn, ass d’Verdeele vun de Projeten. Wéi kënnen se integréiert ginn? Wéi ginn d’Proposen ausgeschafft? An virun allem och: Ginn d’Valeuren an Critèren erfëllt? Hei spillt de participative Volet zum Beispill eng Roll. Wei kann een eis Gesellschaft an d’Konscht integréieren an ginn déi finanziell Critèrë respektéiert.

Den Opruff adresséiert sech u Privatpersounen, Associatiounen, Gemengen an Institutiounen déi e kulturelle Projet fir d’Kulturhaaptstad realiséiere wëllen.

Communiqué vum Kulturministère

Le 28 février 2019, la ministre de la Culture, Sam Tanson, a participé, aux côtés de Georges Mischo, bourgmestre de la Ville d'Esch-sur-Alzette, Nancy Braun, directeur général de l'ASBL Capitale européenne de la Culture 2022, et Christian Mosar, directeur artistique, à la présentation des objectifs et au lancement de l'appel à projets s'inscrivant dans le programme de la Capitale européenne de la Culture Esch2022.

Les objectifs poursuivis par le projet Capitale européenne de la Culture Esch2022 se déclinent en plusieurs volets et comprennent notamment la stimulation de la création, l'encouragement des échanges, la promotion du dialogue interdisciplinaire ou encore la professionnalisation du secteur culturel, tout en poursuivant une amélioration de l'accès à la culture et une mise en valeur des différentes communes participant au projet.

«Esch2022 s'inscrit dans la continuité des deux capitales européennes de la culture précédentes, en ce sens que le projet contribuera assurément à la dynamisation du secteur culturel, mais devra également faire preuve d'une durabilité certaine dont les effets positifs dépasseront le strict cadre temporel de l'année 2022», a souligné la ministre Sam Tanson. Elle a en outre réaffirmé l'importance qui reviendrait, à ses yeux, à une sauvegarde de la halle des soufflantes en tant qu'élément central pour la valorisation de la région des Terres Rouges, tout en soulignant que des discussions en ce sens sont déjà en cours.

L'appel à projets est placé sous le thème central Remix Culture et s'adresse à toute personne privée, association, commune ou institution désireuse de réaliser un projet culturel dans le cadre de la Capitale européenne de la Culture. Des informations plus détaillées sont disponibles sur le site internet.

Back to Top
CIM LOGO