
De Robbie Martzen, deen Iwwersetzung a Literatur zu Bréissel studéiert hat, war nach bis 2021 als Engleschproff am Lycée Michel Rodange aktiv.
Als Auteur war hien fir seng engleschsproocheg Prosa a Lyrik bekannt, déi hien an ënnerschiddleche Sammelbänn, wéi zum Beispill de "Cahiers luxembourgeois", verëffentlecht hat.
Hien ass am Laf vu senger Karriär ëmmer nees an England fir seng Lyrik ausgezeechent ginn an och zu Lëtzebuerg gouf hien 1996 fir säin Text "Irish Short Cuts" beim Nationale Literaturconcours vum Jury geéiert.
Seng éischt eegestänneg Verëffentlechung bei Black Fountain Press am Joer 2024 war e Sammelband mam Titel "A Pint of Fish Fingers: Tales of a Wonderer". An dësem schreift den Auteur iwwert eng Rei Reeserënnerungen tëschent 1970 an haut.
Nach am Abrëll dëst Joer war den Auteur bei der @Word in Progress-Liesung an der Kulturfabrik dobäi an huet aus sengem Wierk virgelies.
Der ganzer Famill vum Robbie Martzen drécke mir eist häerzlechst Bäileed aus.
