Ass nëmme 47 Joer al ginnDen Deichkind-Matgrënner Malte Pittner ass gestuerwen

AFP, iwwersat vun RTL
Wéi d'Band e Méindeg den Owend op Instagram matgedeelt huet, ass de Museker "viru kuerzem no laanger Krankheet gestuerwen". Hie gouf 47 Joer al.
© SVEN HOPPE/dpa Picture-Alliance via AFP

De Pittner huet vun Ufank un zu Deichkind gehéiert a war tëscht 1997 an 2005 aktiv. Hien huet déi éischt zwee Albumen “Bitte ziehen Sie durch” an “Noch 5 Minuten Mutti” ganz staark gepräägt. Zesumme mat him hätt Deichkind vill inspiréierend Deeg an Nuechten am Studio verbruecht.

© Deichkind / Instagram

View this post on InstagramA post shared by DEICHKIND (@deichkind_official)

“Hie war e geniale Museker, Entertainer an en onfaassbar talentéierte Songwriter an Text-Schreiwer”, sou d’Grupp iwwert de Matgrënner . No Deichkind huet deMalte Pittner fir d’Grupp “Texas Lightning” geschafft, déi Däitschland ënnert anerem 2006 beim Eurovision Song Contest vertrueden huet. D’Lidd “No no never” ass och an Däitschland kuerz drop op der 1 an den Charts gelant.

Back to Top
CIM LOGO