"Thierry", de Virnumm geet nach ëmmer duer fir un ee vun de populäerste Lëtzebuerger Acteuren z'erënneren. Den CNA zu Diddeleng proposéiert eng ganz interaktiv Expo iwwer d'Liewen an d'Wierk vum Thierry van Werveke. Iwwer d'Ausstellung am Pomhouse awer och iwwer den CNA a seng Missiounen huet sech d'Jenny Fischbach mam Direkter Paul Lesch ënnerhalen.
Aner Theme bei No Art: de Claude Neu huet en neit Buch iwwer d'Su Mei Tse presentéiert an d'Claudia Kollwelter huet iwwer de Programm vun de "Congés annulés" an de Rotonden geschwat.De labbere Kulturtalk "No Art On Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.