RIPDen Hollywood-Regisseur Ivan Reitman ass dout

RTL Lëtzebuerg
Hie war d'Persoun hannert de "Ghostbusters"-Filmer. De Regisseur a Produzent ass 75 Joer al ginn.

Wéi den “Hollywood Reporter” mellt, wier hie friddlech doheem am kaliforneschen Montecito ageschlof. Si beruffe sech op Aussoe vun der Famill. D’Kanner schreiwen an enger Erklärung, den Dout vun hirem Papp wier onerwaart komm.

Den Ivan Reitman gouf an der Slowakei gebuer an ass a Kanada opgewuess. Säin Duerchbroch huet en 1978 gefeiert, dat mam Film “Animal House”. Am Laf vu senger Karriär huet se sech virun allem als Produzent a Regisseur vu Komödien en Numm gemaach. Zu senge Wierker als Regisseur gehéieren ënnert aneren d’Ghosbusters-Filmer, Twins-Zwillinge oder nach Kindergarten Cop. Als Produzent kommen nach Filmer wéi “Up in the Air”, “Space Jam”, “Hitchcock” oder “Baywatch” dobäi.

Hien hannerléisst eng Fra an 3 Kanner.

Back to Top
CIM LOGO