
D’Band King Crimson gehéiert ouni Zweiwel zu den absolutte Pionéier vum progressive Rock. Virun allem den Album “In the Court of the Crimson King” aus dem Joer 1969 zielt zu de Meilesteng an der Musek, vill Leit dierften op d’mannst de weltbekannten Albumcover kennen. Hei huet de McDonald ënnert anerem Keyboard a Saxophon gespillt.
Den Doud vum brittesche Museker a Co-Grënner vun der Band an och Foreigner ass am Alter vu 75 Joer u Kriibs gestuerwen. Dat huet och säi Bouf Max en Donneschdeg op Facebook confirméiert. Hien ass schonn den 9. Februar an Krees vu senger Famill u senger Krankheet gestuerwen. Souwuel de säi Bouf Max, wéi och King Crimson selwer, hunn den Dout vum Museker méi fréi confirméiert gehat.