Mat "Music was my first love" bekannt ginnDen John Miles ass mat 72 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De brittesche Museker a Komponist ass no kuerzer awer schwéierer Krankheet a senger Heemescht Newcastle gestuerwen.
© RTL Archiv

Dat huet och säi Management e Méindeg am Nomëtteg confirméiert. An de 70er Jore war de Miles virun allem mat sengem Hit “Music” bekannt ginn. Am Alan Parsons Project war hien ee vun de Sänger.

Och dem Miles seng Famill huet den Doud confirméiert. De Museker hannerléisst seng Fra, zwee Kanner an Enkelkanner.

Back to Top
CIM LOGO