Wiessel an der KUFADen neien Direkter René Penning am Interview

RTL Lëtzebuerg
Hien iwwerhëlt d'Kulturhaus zu enger Zäit, wou et wéinst der Corona-Kris, zou ass. Wéi den Ament geschafft gëtt, verréit hien am Interview.
De René Penning.
De René Penning.
© Kulturfabrik

20/04/2020 René Penning am Interview

Dës Nominatioun trëtt vum 1. Mee 2020 un a Kraaft. Bis elo hate sech jo d’Spëtzt vun de Geschécker vun der Kulturfabrik de Serge Basso de March an de René Penning opgedeelt.

De René Penning iwwerhëlt awer d’Kulturhaus zu enger Zäit, wou et zou ass, wou d’Saison gelaf ass a villes an der Schwief ass. Den Ament gëtt deemno net just un der artistescher Linn fir déi nächst Jore geschafft, mä och un der Programmatioun fir déi nei Saison, geschafft gëtt vun doheem ass, eventuell kann am Mee lues a lues emol nees op der Plaz d’Aarbecht ulafen. D’Kontakter mat der Escher Gemeng an dem Kulturministère sinn an dëser Zäit vum Confinement awer gutt.

Events annuléieren oder verréckelen, Kënschtler ausbezuelen, et stelle sech vill Froen. Och déi, ob et net eng Iwweroffer gëtt, wann am Hierscht alles zesumme nees ufänkt, net nëmmen um kulturelle Plang. De René Penning stellt sech och d’Fro, ob net de Social Distancing dann nach ëmmer gräife muss a Manifestatioune schwéier ze geréiere sinn.

Nach méi uerg ass d’Situatioun fir d’Kënschtler, déi Projeten amgaangen oder geplangt hunn an net wëssen, ob se iwwerhaapt kënne realiséiert ginn.

Op Esch 2022 ugeschwat, mengt den neien Direkter, datt grad d’Rou vum Ament soll genotzt ginn fir no vir ze kucken, well Esch an d’Regioun ronderëm brauchen dëst Kulturjoer.

De Serge Basso de March bleift der KuFa awer nach bis den 31. Dezember 2020 erhalen, dono geet hien an d’Pensioun.

Iwwerdeems hunn de Michel Clees, President vun der ASBL, de Christian Kmiotek, Vizepresident an de Member Guy Dockendorf sech dozou entscheet, hir Mandanten net ze erneieren.

Dat geet aus engem Schreiwes vun der Kulturfabrik vum Mëttwoch eraus.

PDF: Schreiwes vun der Kulturfabrik

Back to Top
CIM LOGO