E Bild, dat kee vergësstDen Nick Ùt huet viru 50 Joer d'"Napalm Girl" fotograféiert

Tim Morizet
Wéi e vietnamesescht Duerf mat Napalm ugegraff gëtt, ass dem Nick Ùt dat wuel memorabelst Bild vum 20. Joerhonnert gelongen.
"Napalm Girl"
Den Nick Ùt fotograféiert 9 Joer aalt Meedchen am Vietnamkrich

Seng Foto - ee klengt Meedche vun 9 Joer leeft mat schwéiere Verbrennunge fort, nodeems säin Duerf am Vietnamkrich vun enger Napalm-Bomm getraff gouf - beweegt d’Mënschheet bis haut.

Den 8. Juni 1972 - also viru genee 50 Joer huet de Fotograf Nick Ùt d’Foto gemaach a sech duerno ëm d’Meedche gekëmmert. 60 Prozent vu senger Haut ware verbrannt.

Huet een et bis gesinn, ass et e Bild, dat een net esou séier vergësst. E plakegt jonkt Meedchen, et jäizt a leeft frontal op de Fotograf duer. Hien dréckt den Ausléiser an hält eng Honnertstelsekonn vum groussen Horror vum Vietnamkrich fir ëmmer fest. Haut ass d’Kim Phuc Phan Thi eng Friddensaktivistin.

„Ech erënnere mech nach ganz gutt drun. Ech hat 9 Joer a mir haten eis mat anere Leit aus dem Duerf an e puer Zaldoten an engem Tempel verstoppt. Soubal mer d’Sireenen héieren hunn a wossten, datt den Tempel géif bombardéiert ginn, hunn d’Zaldoten zu eis gesot, mir missten eraus, well et ze geféierlech géif ginn. A wéi ech rausgelaf sinn, duerch d’Feier, hunn ech meng Bridder matlafe gesinn. Ech sinn ëmmer nëmme viru gelaf. Bis, datt ech net méi konnt. Dunn hunn ech just nach gejaut ... ze waarm! ze waarm!”

“The Terror of War” – sou den Titel vun der Opnam – ass och nach 5 Joerzéngte méi spéit eng vun de bedeitendsten an authenteschsten Duerstellunge vu Brutalitéit a Krichsverbriechen un der Zivil-Populatioun. D’Kim Phuc huet sech weltwäit als Symbol an d’Memoire agebrannt.

De Christian Mosar, geléierte Konschthistoriker:

„Op der Foto ass net nëmmen dat Meedchen drop, wat schwéier verletzt gi war. Mee niewendrun ass och seng Groussmamm mat sengem klenge Cousin, deen dräi Joer hat an och beim Ugrëff gestuerwen ass. Alles dat, och wann een et net genau weess, spiert een a gesäit een op der Fotographie. A wéi déi Fotographie op der New York Times zwee Deeg duerno op der Titelsäit publizéiert gouf, huet dat fir e Schock an der amerikanescher Populatioun an duerno och weltwäit gesuergt a gewisen, wat dee Vietnamkrich bedeit.”

Wéi déi vietnamesesch Arméi duerch e Feeler d’Duerf Trang Bang, eng 40 Kilometer ewech vum deemolege Saigon, bombardéiert, ass de Réckzuch vun den Amerikaner scho voll am Gaang. De vietnamesesche Fotograf war schonn um Wee fir fort, ewéi en de schëllege Fliger an déi 4 Bommen eroffale gesäit, déi fir vill Misär gesuergt hunn.

An de leschte Jore si sëllege nei Versioune vun der Foto publizéiert ginn. „Can’t Beat That Feeling” vum Street-Art-Kënschtler Banksy sollt net manner provokativ sinn.

„D’Leit hu kollektiv an hirer Memoire dat Bild behalen. Vill Leitm, déi dat Bild eng Kéier gesinn hunn, déi vergiessen et net. An déi erkennen et, trotz Verännerungen an der Konscht, Kultur oder Medien.”

D’Kim Phuc huet haut 59 Joer a schafft als Friddensaktivistin ënner anerem fir d’Vereenten Natiounen. Zanter dem Ufank vun der 90er Jore wunnt si a Kanada.

Back to Top
CIM LOGO