
400.000 Visiteuren aus der ganzer Welt kommen op zwee getrennte Weekender am Juli zesummen, fir elektronesch Musek op 14 verschiddene Bünen ze lauschteren. Bei der 18. Editioun wäert dëse Summer och ee Lëtzebuergeschen DJ mat dobäi sinn. Den NOSI spillt um éischte Weekend samschdes den 19. Juli op der “Crystal Garden"-Stage.