
An de leschte Joren huet den Tommy Schlesser bewisen, wat en drop huet. “Gute Zeiten, schlechte Zeiten”, “Superjhemp retörns”, “Rosamunde Pilcher”, “Traumschiff” oder “Inga Lindström”... alles Projeten, bei deenen den 32 Joer ale Schauspiller mat dobäi war.
Elo wäert een hie geschwënn an der ZDF-Serie “Die Bergretter” kënne gesinn. Den Ament gëtt an Éisträich gedréint an e Samschdeg de Moien huet den Tommy Schlesser senge Fans dunn offiziell iwwert d’sozial Medie matgedeelt, datt een hien an der 14. Staffel vun der Erfollegsserie wäert gesinn. Hie spillt eng Episoden-Haaptroll an den Tournage ass am Kaunertal an zu Ramsau an der Steiermark an Éisträich.
De Schauspiller freet sech immens iwwert säin neien Job an huet eis och am RTL-Interview verroden, wéi déi nächst Méint elo wäerte fir hien ausgesinn.
Den Episod mam Tommy Schlesser ass Enn dës Joers op ZDF ze gesinn.