Et waren zwee Deeg voller Emotiounen a Biller déi d’Land gepräägt hunn. No 25 Joer um Troun, mat 70 Joer, trëtt de Grand-Duc Henri zréck. De Premier Luc Frieden seet him Merci fir säin treien Asaz fir d’Land.
“Dir Monseigneur hutt an äre 25 Joer als Grand-Duc Lëtzebuerg gepräägt . D’Geschicht vun eisem Land kann haut net méi gezielt ginn ouni ee Kapitel iwwer Iech.”
A Präsens vun der belscher an der hollännescher Kinneksfamill an héichrangegen europäesche Gäscht war déi feierlech Vereedegungszeremonie an der Chamber.
De Guillaume huet virun de Volleksvertrieder säin Eed ofgeluecht a sech a senger Trounried ganz an den Déngscht vu Land a Leit gestallt.
“Ech verspriechen am Déngscht vun all de Mënschen hei am Land ze stoen. An ëmmer am Intressi vum Land ze handelen. Ech wäert ëmmer nolauschteren an ech engagéiere mech ze hëllefen, zesumme Léisungen ze fannen. Ech wäert mat Integritéit handelen, authentesch bleiwen, an eisem Land trei an éierlech déngen.”
Vill Leit hate sech virum Palais afonnt, fir déi nei groussherzoglech Koppel mat der ganzer Famill ze gesinn. Duerno war een éischte bain de foule an Accueil an der Stater Märei an am Cercle. No engem feierleche Galadinner owes am Palais a Präsens vun auslännesche Staatsgäscht stoung dunn den éischte Schaffdag vum Grand-Duc Guillaume um Programm, eng Tournée duerch d’Land wéi de Grand-Duché se nach net kannt huet.
Maacher mat Virféierunge vu Sportverbänn huet den Optakt gemaach. Thema war hei d’Benevolat, duerno ass et virun an den Norden op Wolz gaangen, wou mat Theater, Gesang a Videoaspillungen déi vill Nationalitéiten a Kulturen, déi mer am Land hunn, presentéiert goufen. Ganz perséinlech Gespréicher mat eelere Leit hat den neie Grand-Duc am Stengeforter Spidol. Duerno ee ganz beandrockenden Danzspektakel zu Diddeleng, bei deem Leit mat enger Behënnerung mat agebonne waren.
Héichpunkt vum Dag de Spektakel op der rouder Bréck an um Glacis. Aacht Tramme mat ronn 2.000 Leit, déi di verschiddenst Communautéiten a Beruffer vum Land vertrieden, begréissen déi groussherzoglech Koppel.
Et ass de symbolesche Gang vum Alen zum Neien, op där Bréck déi den Numm vun der Urgroussmamm vum Grand-Duc dréit, een Iwwergang deen d’Verbonnenheet mam ganze Land a senger Populatioun weist.
No enger Droneshow schléisst ee Concert mat Lëtzebuerger Kënschtler dësen emouvanten Trounwiessel of.