50 Joer donoDer Geiger von Echternach

RTL Lëtzebuerg
D'Wierk vun der Lëtzebuerger Komponistin Lou Koster gëtt erëm zu Iechternach opgefouert.
© Ambitus

Op den Dag genee 50 Joer no der Uropféierung gëtt den Oratorium “Der Geiger von Echternach” vun der Komponistin Lou Koster nach emol zu Iechternach am Trifolion gespillt. Ënnert der Leedung vum Pierre Cao a mam Chouer “Uelzecht” zesumme mam RTL-Orchester hat d’Wierk deemools e grousse Succès.

© Ambitus

Och dës Kéier steet d’Opféierung ënnert der Leedung vum Pierre Cao. Gläich e puer Chéier si bedeelegt: Ambitus, de Basilikachouer Eechternoach, d’Cholale Berdorf-Consdorf, d’Chorale Municipale Sängerbond Dikrech, “Les chanteurs d’Ermesinde”. Nieft dem Orchester Estro Armonico sangen d’Gerline Sämann (Sopran), de Marc Dostert (Tenor) an den Franz Schilling (Bariton).

© Ambitus

D’Lou Koster ass eng vun den éischte Komponistinnen an der Lëtzebuerger Museksgeschicht an huet virun allem Märsch, Operetten a Lëtzebuerger Lidder komponéiert. Hire gréisste Succès huet si eréischt am héijen Alter erlieft. 1972 ass „Der Geiger von Echternach” op en Text vum Nikolaus Welter an der Basilika opgefouert ginn. Kuerz dono ass d’Lou Koster mat 84 Joer gestuerwen.

“Der Geiger von Echternach” gëtt e Samschdeg den 9. Juli um 20h00 Auer am Trifolion opgefouert.

D'Lou Koster - Eng vun den éischte Lëtzebuerger Komponistinn
D’Lou Koster hat zu hirer Zäit keng einfach Positioun. Als Fra gouf si staark benodeelegt an ass och zum groussen Deel am Concertsliewen ignoréiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO