Zënter dem 1. November 1995 gëtt et den "Atelier" an der Hollerecher Strooss. Deemools ass aus der aler Autos-Carosserie e Concertssall ginn. Eng Onzuel vun Artisten a Bands sinn an de leschten 22 Joer do opgetrueden an de Betrib ass gewuess. Haut organiséiert den Atelier och Concerten ausser Haus. Bis virun 2 Joer war dat och de Rockafield, zënter 2017 ass et de Siren's Call an der Abtei Neimënster.
De Michel Welter an d'Fabienne Dimmer hunn dem Jenny Fischbach gezielt, wéi genau hir Aarbecht ausgesäit, wéi Concerte gebucht ginn a wéi d'Kënschtler encadréiert ginn.
Ausserdeem huet d'Annick Goerens eis mat an d'Schwaarzt Haus op d'Escher Strooss, wou eng "faarweg" Expo ze gesinn ass.
De labbere Kulturtalk "No Art On Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.