RollengD'Gebuertshaus vum Aloyse Kayser gëtt ofgerappt

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d'Kulturministesch Sam Tanson an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fred Keup confirméiert.
© Didier Weber

Dat klengt Barrière-Haische gouf zwar als schützenswäert agestuuft, ma aus sécherheetstechnesche Grënn misst et awer fort. Dat hunn d’CFL am Accord mat der Gemengeverwaltung vu Miersch decidéiert. D’Gebai wier ze no bei de Schinnen a léich och bannent den elektreschen Eisebunnsinstallatiounen.

Fir all Interventioun um Gebai misst deemno de Schinneverkéier ënnerbrach ginn. Eng Plackett un der südlecher Giewelsäit erënnert un de Politiker, Gewerkschaftler an Eisebunner. Dës soll an eng Gedenkstell integréiert ginn, déi hei um Site soll installéiert ginn.

Äntwert vum Sam Tanson op parl. Fro vum Fred Keup (28.12.21)

Back to Top
CIM LOGO