De 7. Juli an der RockhalD'Gewënner vum Quiz, fir de Peter Maffay live ze gesinn, sti fest

RTL Lëtzebuerg
Ee vun den erfollegräichsten däitsche Rockmuseker kënnt dës Woch op Lëtzebuerg an d'Rockhal.
© ROLF VENNENBERND dpa Picture-Alliance via AFP

Mir haten eis eppes afale gelooss, fir d’Tickete fir dëse Concert ze verspillen. D’Matspiller hunn zwar net missen iwwer siwe Brécke goen, e klenge Quiz sollt d’Decisioun bréngen.

An d’Gewënner stinn elo fest, déi de 7. Juli um Concert vum Peter Maffay an der Escher Rockhal dierfen dobäi sinn.

Gewonnen hunn

  • d’Tina I. vun Heesdref
  • de Jules W. vu Losheim am See (D)
  • d’Natahlie R. vu Guddenduerf
  • d’Delia G. vun Habscht

D’Dieren fir de Concert ginn de 7. Juli um 19 Auer op, weider Detailer ginn et um Site vun der Rockhal.

Dir hutt en anere Concert am Bléck a wëllt onbedéngt dohin?? Mir verspillen nach eng jett aner Concertsticketen.

Kuckt hei.

Back to Top
CIM LOGO