Dem Francis Bacon säin Triptychon ass am Nationalmusée

© Hugh Lane Gallery, Dublin
Fir zwee Joer hänken d’Wierker vum brittesche Kënschtler Francis Bacon am Musée. Säin Triptychon “Three Studies for Portrait of George Dyer”, dem Bacon säi Partner a Protagonist, ass elo Deel vun der moderner an zäitgenëssescher Konscht am Nationalmusée.
Wie war de Francis Bacon iwwerhaapt?
De Francis Bacon ass ee vun de bekanntste brittesche Kënschtler aus dem 20. Joerhonnert. Säin innovative Stil tëschent der abstrakter a figurativer Molerei ass säi Markenzeechen. Anescht wéi déi meescht Kënschtler huet de Bacon sech d’Handwierk selwer bäibruecht, wat him zu sengem Succès verhollef huet. Seng Wierker waren direkt an der Konschtzeen a beim Public beléift. Kritiker luewe seng nei Manéier, Portraiten duerzestellen. Nieft senger graffer Pinselféierung, déi seng Sujete scho bal opléist, ass och nei, dass de psychologeschen Aspekt vun de Sujeten ervir kënnt. Seng Portraite léisen d’Gefill vu Leed an der Trauer aus. Hie geet op d’Moral an d'Vergänglechkeet vum Mënsch an. Fir de Bacon war de Kierper awer net méi wéi just e Stéck Fleesch. Dat mécht sech och a senge Faarfpalette bemierkbar, déi u méi neutrale Faarwen orientéiert sinn. Fir seng Portraite geet hie meeschtens vu Fotoe vum Vogue-Fotograf John Deakin a vu senger eegener Memoire aus.
De Francis Bacon ass 1909 zu Dublin gebuer. Mat senger Famill hat hien eng éischter turbulent Bezéiung. Seng Homosexualitéit huet dozou gefouert, dass en am Alter vu 16 Joer vu sengem Papp virun d’Dier gesat gouf. Nodeems en zu London wéineg Suen duerch e puer Aarbechten als Haushaltshëllef a Vendeur verdéngt huet, huet et hien awer 1927 op Berlin a kuerz drop op Paräis gezunn. Do huet hien ugangs bei enger Famill am Viruert Chantilly gewunnt an ass do och déi éischte Kéier a Kontakt mat der Konscht a Molerei komm. Faszinéiert an inspiréiert vum Picasso an dem Nicolas Poussin hirer Konscht, huet hie seng éischt Wierker mat Aquarell gezeechent. 1929 ass de Bacon zeréck op London gaangen, fir do Miwwelen ze designen. Dëst huet hie kuerz duerno opginn a sech op d’ Molerei fokusséiert. 1933 ass säin éischt bekanntent Wierk a sengem extravagante Stil “The Crucifixion” an enger Galerie opgetaucht.

© The Estate of Francis Bacon/DACS 2015
Zefridde war hie bis Enn 1950er Joren awer net mat senge Wierker an huet se doropshi bal all zerstéiert. Mat déi eenzeg, déi iwwerlieft hunn, waren “Three Studies for Figures at the Base of a Crucifixion” a “Painting 1946”, wat eng däitsch Konschthändlerin an de Musée fir Modern Konscht (MoMA) op New York bruecht huet. Domat ass säi Succès aus England eraus gewuess. Och säi Stil huet sech verfeinert an en huet seng bekannten Triptychen an Diptychen elaboréiert. En Triptychon ass eng Zesummestellung vun dräi Biller, déi een traditionell aus der Relioun als gotesch Altorbiller kennt. Wéi de Francis Bacon 1979 behaapt, wier et dat, wat en am léifste moolt.

© Estate of Francis Bacon. All Rights Reserved, DACS 2024

© Estate of Francis Bacon
D’1960er Jore ware fir de Francis Bacon dogéint eng méi opreegend Period. Net nëmmen si seng Wierker méi duerch d’Welt komm, ma hien huet och méi Wierker kreéiert a seng Molerei ass méi dynamesch, vigoréis a fléissend ginn.
1963 huet de Bacon den George Dyer kennegeléiert, deen als säi Model fir hie geschafft huet. Aus hirer Frëndschaft ass dunn awer eng Romanz entstanen. En ass zu sengem Protagonist a senge Wierker ginn a sou ass eng ganz Serie u Konschtwierker enstanen.
“Three Studies for Portrait of George Dyer”, 1963
Och den Tryptichon “Three Studies for Portrait of George Dyer” ass mat Emotioune gelueden a weist dem Bacon seng Fäegkeet, d’psychologesch Komplexitéit vu senge Sujeten ze illustréieren. Et spiert een, wéi d’Portraiten en Testament vun hirer Bezéiung a Léift sinn, ma och de Verloscht an de sozialen a perséinlechen Identitéitskonflikt am zäitleche Kontext vun der Homosexualitéit geet an de Wierker ervir. Et ass also éischter e privaten Androck, deen een duerch déi dräi ënnerschiddlech Facettë kritt. Déi dräi verschidde Vue vum Portrait sinn nëmme bësse méi kleng wéi d’Gréisst vum Gesiicht selwer. Si weisen zesumme mat den abstrakten an dynamesche Pinselstrécher dem Dyer seng komplex, fragil a scho bal rose Perséinlechkeet. Duerch de Fokus op d’Muskelen an d’Haut u sech, erkennt een och dem Bacon säi Gespier fir de Mënsch als Fleesch erëm, déi mat der natierlecher Faarfpalett deem däischteren Hannergrond am Kontrast stinn. Och bei dësem Triptychon ass de Bacon vum John Deaking senge Fotoen ausgaangen. Kuerz no hirer Renconter 1963 ass d’Wierk als deen éischte vun am Ganze fënnef Triptychen vum George Dyer entstanen.

© MNAHA

© THE ESTATE OF FRANCIS BACON. ALL RIGHTS RESERVED. / DACS, LONDON / ARS, NY 2024
Wie war den George Dyer?
Hir Relatioun gëtt oft als dynamesch, turbulent an awer och tragesch beschriwwen. Schonn eleng hir Renconter ass ongewéinlech. Wou déi eng dovun ausginn, si hätte sech kennegeléiert, wéi de George Dyer dem Bacon säi Studio iwwerfale wollt, seet de Francis Bacon, si wiere sech ganz gewéinlech an enger Bar zu Soho iwwert de Wee gelaf. Dat éischt wier awer net auszeschléissen, well den Dyer de Ruff hat, e klenge Kriminellen ze sinn. Hir Geschicht hëlt awer de 24. Oktober 1971 en dramatescht Enn. Et war den Dag virum Bacon senger grousser Erëffnung vu senger wuel wichtegster Ausstellung am Grand Palais zu Paräis mat am Ganzen 108 vu senge Wierker. De Bacon fënnt den Dyer dout am Hotelszëmmer duerch eng Iwwerdosis un Alkohol an Drogen. Ab dësem Moment ass den Doud net méi aus senge Biller ewech ze denken an de Bacon huet den Héichpunkt vu sengem Erfolleg erreecht. Eng ganz Rëtsch Ausstellungen uechter Europa, Nord- a Mëttelamerika, Russland an Asie bréngen him a senge leschte Joren nach méi Unerkennung.
A senge leschte Joren huet de Kënschtler vill Zäit zu Madrid verbruecht. En huet sech hei an der Konschtzeen wuel gespuert an och un Ausstellungen deelgeholl. 1992 stierft de Kënschtler un engem Häerzinfarkt an der spuenescher Haaptstad.
Wéi kommen d’ Wierker op Lëtzebuerg?
Den MNAHA ass deen éischte Musée, deen esou en ikonescht Konschtwierk sengem Public gratis ubitt. D’Wierk ass am Besëtz vun der Lëtzebuerger Societéit Art Share 002 mat engem Wäert vun 55 Milliounen Dollar. Mam “Three Studies for Portrait of George Dyer” si si un d’Bourse gaangen. Awer net bei iergendeng, ma déi éischt weltwäit Lëtzebuerger Bourse mam Numm ARTEX. Dëst ass eng Bourse, déi versicht Konscht ze demokratiséieren an esou accessibel wéi méiglech ze maachen a se an déi bedeitendst Muséeën an der Welt ze bréngen. Domat kéint also jiddereen en Deel vum Bacon sengem Triptychon kafen.
An der aktueller Ausstellung Collections/Revelations am Nationalmusée kann een dem Francis Bacon seng Portraite vum Geroge Dyer gesinn.