Fannt d'Texter, fir nozeliesen, onlineD'Gewënner vun der traditioneller RTL-Dictée sinn eraus

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg war dëse Sonndeg nees déi beléiften RTL-Dictée um fréiere Site vun der Uni am eduPôle, vis-à-vis vum Futtballterrain.

D’Walfer Bicherdeeg feieren dëst Joer e ronne Gebuertsdag. Fir d’Frënn vun de Bicher ass et ewell schonn déi 30. Editioun, déi e Samschdeg de Moien um 10 Auer lancéiert ass. Hei erwaart een nieft engem Occasiouns-Bichermaart och Stänn mat Editeuren an Auteuren, déi hir Bicher presentéiere sou wéi e Bichermaart speziell fir Kanner.

RTL Dictée 2025 op de Walfer Bicherdeeg
Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg war dëse Sonndeg nees déi beléiften RTL-Dictée um fréiere Site vun der Uni am eduPôle, vis-à-vis vum Futtballterrain.

En anere traditionelle Rendez-vous am Kader vun de Bicherdeeg zu Walfer ass dann d’RTL-Dictée. Tëscht 10 an 12 Auer konnt ee matschreiwen a seng Sproochekenntnisser op d’Prouf stellen an dat op 3 Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch an op Franséisch.

Wéi gewinnt, stoung de Spaass am Vierdergrond, ma et war wéi gewinnt, nëmmen dee mat de mannste Feeler gewënnt um Enn. Déi Bescht an den eenzele Sproochen dierfe sech iwwert e flotte Kaddo freeën.

D’Gewënner vun der RTL-Dictée 2025

Gewënner am Lëtzebuergeschen

1. Denise Wagner, 1 Feeler
2. Andreas Adler, 2 Feeler
3. Myriam Reisdorfer, 3 Feeler

Gewënner am Däitschen

1. Jos Mailliet , 5 Feeler
2. Nathalie Mailliet , 7 Feeler
3. Michel Bonne, 10 Feeler
3. Denise Wagner, 10 Feeler

Gewënner am Franséischen

1. Elisabeth Geiger, 1 Feeler
1. Miguel Marques, 1 Feeler
3. Denise Wagner , 2 Feeler

Gewënner an deenen 3 Sproochen am Ganzen

1. Denise Wagner, 13 Feeler
2. Marie-Line-Muller, 20 Feeler
3. Nathalie Mailliet, 23 Feeler
3. Jos Mailliet, 23 Feeler

Hutt Dir d’Diktater matgeschriwwen? Liest no, wéi vill Feeler Dir gemaach hutt.

Dictée op Lëtzebuergesch

Ech war liicht erféiert, wéi owes ëm hallwer zéng mäin Handy geschellt huet.

“Moie Bopa, et ass de Félix. Ech muss en Exposé halen iwwer Pizzaen, kanns du mer hëllefen?” – “Kee Problem, komm, mir gi muer den Owend an ee vun deene sëllege Restaurante bei mir am Quartier iessen, da schwätze mir iwwer dat Theema/Thema.” – “Ok, äddi/Äddi!“, sot en a scho war e fort.

Den Dag drop souze mer an der Pizzeria nieft dem Waassertuerm. Op der Kaart stounge siwenanzwanzeg verschidde Pizzaen. Ech hunn dem Félix eng mat Ham a mir eng mat Anchoisen an Olive bestallt.

“Sou”, sot ech, “da schwätze mer elo mol iwwer d’Pizza. U sech gouf se uechtzénghonnertnénganachtzeg (1889) zu Neapel vum Här Esposito erfonnt. En huet se deemools fir dem Kinnek Umberto seng Fra Margherita gebak. Et sollt eng ganz patriotesch Pizza sinn an den italieeneschen Nationalfaarwen: rout Tomaten, wäisse Mozzarella a grénge Basilikum.

Wichteg ass, datt se schéi krupseg bei op d’mannst zweehonnertfofzeg Grad gebak ass, se däerf an der Mëtt net mätscheg sinn an dann ass dat e Genoss.
Heimadder kanns de jo bal e ganze Virtrag halen, oder wëlls de nach méi wëssen?”

Mäin Enkel grinst: “Ech hätt nach zwou kleng Froen. Virun engem gudde Mount krute mer jo en neie Grand-Duc, kéinte mer net och eng Pizza no him benennen?” – “Du mengs esou eng Aart groussherzoglech Pizza mat Éisleker Ham a Kachkéis? Eng ganz gutt Iddi! An den zweeten Deel vun der Fro?"– “Majo, musse mer eigentlech ëmmer Pizza soen, gëtt et kee lëtzebuergescht Wuert dofir?” – “O, doriwwer hunn ech nach net nogeduecht, awer wéi wier et mat enger waarmer Tomateschmier?”

D'RTL-Dictée op Lëtzebuergesch
Virgelies vum Max Kuborn.

Diktat auf Deutsch

Erinnerungen

Oktroyierte Reminiszenzen an anno dazumal, als noch Heller und Kreuzer gang und gäbe waren, ließen das Komitee nicht selig werden, denn jeder Zweite schätzt vieles von früher nicht mehr wert. Einige versuchen sich heuer flugs und stracks wie grölende und krakeelende Kolonisten im Apartheidstaat zu benehmen. Diese werden wegen dieser verpönten Gratwanderung jedoch wie dilettantische Kanuten in einem Katarakt verhohnepipelt. Zu wievielt müssen wir hehrere Männer in fahlfarbenen nigelnagelneuen, aber schlecht platzierten Kapuzen voller Ruß wie Mähren davongaloppieren, um bei solchem Gebaren dabei zu sein? Eine Laiin würde sich ob dieser Dysfunktion totärgern und versuchen, das Flaggschiff instand zu setzen, indem sie einen beharrlichen Appell an dieselbe Riege richten würde, statt einen Katarrh wie bei einer Appendizitis zu verursachen. Ein subsumiertes Ekzem ist halt keine rhythmische Rhetorik und auch Masut hilft einem sich mokierenden Spund nicht endgültig bei einer prokrastinierten Katharsis.

D'RTL-Dictée op Däitsch
Virgelies vum Roland Schumacher

Dictée en Français

Si le chef suprême d’une nation considérée comme le prototype de la démocratie, est un criminel avéré, condamné pour des délits multiples et variés par plusieurs tribunaux, on est en droit de penser que le monde va à l’envers.

Il est inquiétant que plusieurs millions d’Américains aient quand même voté pour une personne que d’aucuns considèrent comme incongrue, désinvolte, labile, narcissique et misogyne et aient mis entre ses mains la paix dans le monde.

Beaucoup d’ennemis invétérés des États-Unis sautent sur l’occasion pour attirer les foudres sur ceux que beaucoup d’Européens considéraient comme des amis fidèles. Selon eux, le plan Marshall n’aurait été rien d’autre qu’un moyen de s’assurer la fidélité et la reconnaissance des Européens avec tous les avantages économiques qui en auraient découlé pour les Américains.

A chacun de se faire son idée sur la question tant que nous conservons encore la liberté de réfléchir à notre guise. Pour ma part, je me rends parfois au cimetière militaire de Hamm, pour me plonger dans la foule des croix et des étoiles de David et me rappeler qu’y sont ensevelis cinq mille soixante-quatorze jeunes Américains morts pour garantir la liberté de l’Europe, du Luxembourg, État exigu que la plupart ne connaissaient même pas ou à peine.

D'RTL-Dictée op Franséisch
Virgelies vum Jean-Claude Frisch

RTL-News vum 14.11.25: Buchpräisser fir Inna Ganschow, Marc Weydert mam Patty Thielen an Nico Helminger

Hei kann ee sech aschreiwen

Back to Top
CIM LOGO