"Star Wars Celebration"Disney kënnegt nei "Star Wars"-Serie un

RTL Lëtzebuerg
Bei engem Fan-Treffen zu Anaheim a Kalifornien huet den US-Entertainmentkonzern eng nei Serie vum Publikumsmagnéit "Star Wars" presentéiert.
© AFP/Robyn Beck

Bei Ouverture vun der “Star Wars Celebration” hunn Tëleesserien dominéiert: Gewise goufen Zeenen aus der ugekënnegter Space-Opera-Serie “Andor”, déi op Disney+ komme soll, aus der Space-Western-Serie “The Mandalorian” an als Iwwerraschung - aus dem “Obi-Wan Kenobi” vum McGregor. Och d’Produktioun vun der Serie “Skeleton Crew” gouf vun Disney confirméiert.

Disney hat 2012 Lucasfilm fir ronn 3,5 Milliarden Euro kaf. Dono gouf d’Filmproduktioun verstäerkt, d’Produktioun vun “Star Wars” awer méi lues. D’Decisioun doriwwer war no der Baisse u Quoten a Beneficer souwéi dem Start vum Streamingdéngscht Disney+ gefall. Zanterhier huet d’Plattform méi wéi 130 Milliounen Abonnente gewonnen.

D’Show zu Anaheim war mat engem Optrëtt vum 90 Joer ale Komponist John Williams, deen e Live-Orchester zu senger Filmmusek “Obi-Wan Kenobi” dirigéiert huet, op en Enn gaangen. Wärenddeem hunn e puer dausend Fans vu “Star Wars” hir Liichtschwäerter geschwongen a fir Fotoe mat hire Liblinge poséiert.

Back to Top
CIM LOGO