
Am Kader vun der Ausstellung “Land in Motion - Transforming People and Nature” huet d’Kënschtlerin vu Mëtt September bis Mëtt November am Nationalmusée um Fëschmaart un engem groussformategen, dräideelege Wierk geschafft.
Bis den 18. Januar kann een déi besonnesch Aarbecht am Musée entdecken, ier se offiziell Deel vun der Sammlung vum MNAHA gëtt. Mir hunn d’Alexandra Uppman an hirem Atelier zu Bouneweg besicht an hir beim Schaffen am Musée iwwer d’Schëllere gekuckt.