Dës Woch besiche mir am “Passepartout” d’Gewënnerin vum Prix Pierre Werner 2024 Lara Weiler an hirem Atelier um Belair. Mir kréien en Abléck an dee kënschtlereschen Universum vun der kanadescher Molerin Élsie Comrie a mir kucken der Alexandra Uppman beim Schafe vun engem In-Situ-Wierk am Nationalmusée iwwer d’Schëller.
“Passepartout": all Samschden um 19 Auer op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu, ma och am Replay an op RTL Play!