Serie Chantieren a Kulturhaiser (4/4)D'Kufa zu Esch soll energeetesch opgebessert ginn

Claudia Kollwelter
Aktuell gëtt nach mat den Architekten un de Pläng geschafft, fir d'Escher Kulturfabrik ze renovéieren.

Am Kader vun eiser Serie iwwert d’Chantieren an de Kulturhaiser huet d’Claudia Kollwelter scho mam Direkter vun der Kufa no vir gekuckt a virun allem iwwert déi ënnerschiddlech Grënn vum zukünftege Chantier geschwat.

Serie Chantieren a Kulturhaiser - Deel 4 D’Kufa

D’Gebai an der Lëtzebuerger Strooss zu Esch ass als Schluechthaus gebaut ginn an net als Kulturzenter. Doduerch sinn ënnerschiddlech Besoinen einfach aktuell net erfëllt. D’Gebai ass schlecht isoléiert a just eefach verglaast. Nieft enger Optimisatioun vum Gebai selwer wëll een an Zukunft awer och den ekologesche Foussofdrock vum Gebai verbesseren, andeems een zum Beispill säin eegene Stroum hierstellt an esou gutt et geet, onofhängeg ka funktionéieren.

D’Kufa gouf viru bal 30 Joer fir d’lescht renovéiert. Zanterhier sinn eng ganz Partie Reegele bäikomm, déi deemools net gegollt hunn. Dorënner eng bestëmmten Unzuel un Toiletten oder Vestiairen, déi ee muss fir eng bestëmmten Unzuel u Mataarbechter hunn. Op deene Punkte wëll d’Kufa an Zukunft also konform ginn.

Patrimoine bleift e Mantra

De Patrimoine vun der Kulturfabrik soll erhale bleiwen. D’Geschicht an de Patrimoine vum Site sinn eenzegaarteg. Un der Grondstruktur vun de Gebailechkeete soll dofir och net vill gemaach ginn. Eenzege Punkt deen an der Diskussioun ass, ass dee vun den Diecher, déi extrem vill Plaz fort huelen, net gutt isoléiert sinn an aktuell och keng Sonnepanneauen erlabe wéinst hirem Wénkel. Ugeduecht ass do, d’Diecher an Zukunft ze begréngen.

Ubannung un neie Quartier Metzeschmelz

E weidere Punkt, dee bei der Planung net onwichteg ass, ass dee vum zukünftege Quartier Metzeschmelz. 10.000 Leit sollen an Zukunft do wunnen, eng nei Gare kënnt dohin, den Tram aus der Stad an d’Mobilité réduite soll am Vierdergrond stoen. D’Kulturfabrik ass souzesoen d’Grenz tëscht dem alen an dem neien Esch a wëll eng Roll als Liaisoun tëscht béide spillen. Och a Punkto Architektur gëtt gekuckt, wéi dat méiglech ass, well d’Kufa aktuell just vun der Lëtzebuerger Strooss hier op ass, an dat Hënnescht vum Gebai aktuell just eng knaschteg Mauer ass.

Wéi een Impakt huet dat alles op Programmatioun?

Déi aktuell Saison, genee wéi déi nächst, sollen nach a gewinnter Form oflafen, ier dann idealerweis Enn 2027 mat den Aarbechten ugefaange soll ginn. De Projet soll an zwou Phase verlafen, sou datt verschidde Raimlechkeeten ëmmer nach kënne genotzt ginn. Zesumme mat der Gemeng gëtt aktuell awer och no enger Plaz gesicht, déi ee fir d’Transitioun kéint notzen. Eng weider Iddi ass déi, en Archipel vu Lieuen ze hunn, déi bannen a bausse sinn a wou ee mat anere Plazen zesumme kéint schaffen. D’Kufa sicht aktuell nach no Léisungen a sëtzt alles drun, och wärend dem Chantier net a Vergiessenheet ze geroden.

Back to Top
CIM LOGO