Kultur-Réckbléck 2021D'Kultur huet op! Mam Claude Mangen, President Theaterfederatioun
No engem schwéiere Joer 2020 konnten déi Kulturschaffend 2021 opootmen. Als bal eenzegt Land an Europa sinn am Januar d’Kulturhaiser nees opgaangen.
Kultur-Interview Claude Mangen
De ganzen Interview mam President vun der Theaterfederatioun
Um Enn vum Joer zéie mir a sechs verschiddene Beräicher mat den Organisateuren de Bilan: et war nach villes komplizéiert, mä et ass awer och villes entstanen.
Am Beräich Theater konnt een ënner strikte Mesurë materliewen, wéi d’Bünen nees lieweg gi sinn. Dat war eng Erausfuerderung fir d’Haiser an d’Ensembele selwer, mä um Enn gouf et awer och eng Belounung - en Theaterpräis.
D’Christiane Kremer huet sech mam President vun der Theaterfederatioun Claude Mangen ënnerhalen.
D'Kultur huet op! Mam Claude Mangen
No engem schwéiere Joer 2020 konnten déi Kulturschaffend 2021 opootmen. Als bal eenzegt Land an Europa sinn am Januar d’Kulturhaiser nees opgaangen.