Um Enn vum Joer zéie mir a sechs verschiddene Beräicher mat den Organisateuren de Bilan: et war nach villes komplizéiert, mä et ass awer och villes entstanen.
Am Mäerz 2020 huet de Filmfestival zu Lëtzebuerg vun engem Moment op den anere missen ofgebrach ginn. D’Pandemie huet strikt Mesure gefuerdert.
Bal zwee Joer méi spéit kämpfen d’Kinoen nach ëmmer fir hire Publikum an d’Dréiaarbechte si komplizéiert z’organiséieren. Trotz allem steet de Lëtzebuerger Film international am Joer 2021 esou gutt do, wéi nach ni. D’Christiane Kremer huet sech mam Direkter vum Filmfong Guy Daleiden ënnerhalen.