Um Enn vum Joer zéie mir a sechs verschiddene Beräicher mat den Organisateuren de Bilan: et war nach villes komplizéiert, mä et ass awer och villes entstanen.
Ausstellunge konnt ee bal ëmmer kucke goen, mä d’Zuel vun den Entréeë war limitéiert an déi sougenannte convivial Momenter, wéi de Vernissage, goufen ofgesot. Dorausser hu sech awer nei Iddien entwéckelt: D’Expoe si méi laang an d’Kënschtler méi disponibel fir d’Visiteure ginn.
Doriwwer huet sech d’Christiane Kremer mam Marlène Kreins vum Kulturzenter Op der Schmelz vun Diddeleng ënnerhalen.