Kultur-Réckbléck 2021D'Kultur huet op! Mam Nancy Braun, Direktesch Esch 2022

RTL Lëtzebuerg
No engem schwéiere Joer 2020 konnten déi Kulturschaffend 2021 opootmen. Als bal eenzegt Land an Europa sinn am Januar d’Kulturhaiser nees opgaangen.
Kultur-Interview Nancy Braun
De ganzen Interview mat der Direktesch vun Esch 2022.

Um Enn vum Joer zéie mir a sechs verschiddene Beräicher mat den Organisateuren de Bilan: et war nach villes komplizéiert, mä et ass awer och villes entstanen.

Dësen Interview vun eiser Serie ass éischter en Ausbléck wéi e Réckbléck. De 26. Februar 2022 fänkt Esch 2022 un. Dann ass d’Minettsmetropole mat hire Partner-Gemengen aus dem Minett an aus dem franséische Grenzgebitt europäesch Kulturhaaptstad.

Einfach waren déi lescht Joren net: 2018 huet d’Nancy Braun als Coordinatrice de Projet Esch 2022 iwwerholl. 2020 huet dunn d’Pandemie d’Virbereedunge gebremst. D’Christiane Kremer huet sech mam Nancy Braun ënnerhalen.

D'Kultur huet op! Mam Nancy Braun
No engem schwéiere Joer 2020 konnten déi Kulturschaffend 2021 opootmen. Als bal eenzegt Land an Europa sinn am Januar d’Kulturhaiser nees opgaangen.

Back to Top
CIM LOGO