2022 ass et fir d’drëtte Kéier, datt Lëtzebuerg eng europäesch Kulturhaaptstad stellt. Nieft de Partnerstied Kaunas aus Litauen an Novy Sad aus Serbien presentéiert sech Esch 2022 mat 11 Lëtzebuerger an 8 franséische Gemengen ënnert dem Motto „Remix Culture”. D’Preparatioune waren net ëmmer einfach, och Corona huet villes op d’Kopp geheit, mä den Donneschdeg de Moien ass de Programm virgestallt ginn – Esch 2022 fänkt de 26. Februar un.
Nach 121 Deeg dann ass déi grouss Ouverture vun Esch 2022. Dat ass dann déi drëtte Kéier, no 1995 an 2007, datt Lëtzebuerg eng europäesch Kulturhaaptstad stellt. No der Opreegung vum organisatoreschen Hin- an Hier an de Méint vun der Pandemie steet de Programm an ass an de grousse Linnen den Donneschdeg de Moien an der Rockhal virgestallt ginn.
Remix Culture ass dat grousst Leitmotiv vun Esch 2022, mat deem d’Regioun am Süde vum Land an och iwwer d’Grenz ewech zelebréiert gëtt. Nieft 11 Lëtzebuerger sinn och 8 franséisch Gemengen involvéiert, dat heescht an Zuelen ausgedréckt eng 160 Projeten a méi wéi 2000 Eventer. Wat kënnt, ass emol sécher, mä geschafft muss awer nach ginn.
Fir d’Stad Esch ass 2022 déi beschte Méiglechkeet, sech als Kulturlieu ze positionéieren, och iwwer d’Kulturjoer selwer eraus. Dofir gouf och investéiert. Den Image vun der Stad an der Regioun soll esou och oppoléiert ginn.
Nieft Remix Culture sinn nach aner grouss Theme bei Esch 2022 vu Bedeitung: Nohaltegkeet, Tourismus, Natur, Europa an de Lien tëscht Vergaangenheet vun der Regioun an der Zukunft. Ëmmerhi gëtt hei schonn den europäesche Gedanke vun der Diversitéit gelieft ."From red earth to grey matter” ass de Motto vun de verschiddene Projeten op Belval, do wou den HQ ass.
De 26. Februar geet et dann offiziell lass mat enger grousser Ouverture am Zentrum vun Esch an op Belval an déi verspriecht alles anescht wéi e klassescht Event ze ginn.
Hei geet et bei de Programm.